Och dëst Joer stellt d’Gemeng Useldeng erëm Studentinnen a Studenten an der Summervakanz an.
Wéini?
Vum 21. Juli 2025 bis de 12. September 2025
Viraussetzungen?
- Du hues mindestens 16 Joer a maximum 20 Joer* wärend der Periode wou’s de agestallt gëss
- Du wunns an der Gemeng
- Du bass Schüler/Student
*Du hues 21 Joer oder méi, hues de Brevet A, a wéilts an der Maison Relais schaffen? Hei kënne mir eng Ausnam maachen!
Wéi ee Service?
- Service Technique (16-20 Joer)
- Maison Relais (ab 16 Joer, Animateursbrevet A obligatoresch)
Fir den Animateursbrevet A ze kréien, kanns du dech um Site www.animateur.lu umellen.
Wéi laang?
2 Wochen
Salaire?
Sou wéi d’Gesetz et fir d’Studenten virgesäit.
Du bass interesséiert?
Da brauche mir:
- Eng offiziell Demande mat dengem Numm, Virnumm, Matricule, Telefonsnummer, E-Mail-Adress an Datumer a wéi enger Periode dass du am léifste géings schaffe kommen.
- Certificat de scolarité
- Animateursbrevet A (nëmme wanns du an der Maison Relais wëlls schaffen)
- Casier judiciaire N°5 (nëmme wanns du an der Maison Relais wëlls schaffen)
Schéck eis deng Demande bis spéitstens den 30. Abrëll 2025 per Post:
Administratioun Communal d’Useldange
2, rue de l’Église
L-8706 Useldange
