Statioun 1: D‘Wiichtelcher zu Lëtzebuerg

Wousst du, dass et net nëmmen am Märche vum „Schneewittchen an de 7 Zwergen“ kleng Leit solle ginn, déi ënnert dem Buedem schaffen a gären anere Leit hëllefen? Och hei zu Lëtzebuerg gleewen zanter Joerhonnerte vill Leit do drun.
An engem decke Buch wat virun 150 geschriwwe ginn ass, fanne mir Geschichten iwwert des kleng Leit. Wiichtelchen oder Wiichtelcher ginn se genannt. Hei zu Useldeng sinn se Äestercher genannt ginn a sollen dofir gesuergt hunn, dass d’Kanner net an der Atert erdrénken. Op anere Plaze sinn se Wichtelmännercher, Heinzelmännercher oder Zwergen genannt ginn. Queesch duerch d’Land fënnt een Erzielungen iwwert kleng Haisercher an ënnerierdesch Gäng wou kee normal grousse Mënsch géif dra passen; héchsten e Kand vun 3 oder 4 Joer.
An de nächsten 11 Statiounen héiers du méi iwwert d‘Wiichtelcher hei am Land a wat se alles sou gedriwwen hunn.

Statioun 2: De Wichtel vu Recken

Zu Recke bei Miersch huet viru laanger Zäit e Jong gewunnt deem säi Papp verstuerwe war. Hien huet eleng mat senger Mam op engem klengen aarmen Haff gelieft. Si haten vill Aarbecht um Haff an hiert Päerd huet hinne gehollef d’Felder ze plouen an ze séinen. Enges Daags ass d’Päerd krank ginn an et ass an der Nuecht gestuerwen. De Jong a seng Mam waren aarm Leit, a si haten net genuch Sue fir sech e neit Päerd un ze schafen. „Gei bei mäi Brudder op Rolleng“ sot d‘Mam zum Jong. „Hie soll dir ee Päerd léinen“.
De Jong huet sech zu Fouss op Rolleng gemaach. Wéi hien ukoum, huet hie sengem Monni hiert d’Leed geklot. Mee de Monni war een ale Granzert an een egoistesche Mënsch. „Meng net dass ech iech e Päerd léinen. Ech brauch déi selwer!“. Traureg a verzweiwelt ass de Jong Heem getrëppelt.
Um hallwe Wee ass de Jong engem Wiichtel begéint. Deen huet de Jong gefrot firwat hien esou traureg a niddergeschloe géif drakucken. „Eist Päerd ass dout. Mir sinn aarm Leit a kënnen eis kee Neit kafen. An eise Monni vu Rolleng wëll eis och kee vu senge Päerd léinen. Mir wäerten ni eis Felder kënnen uplanzen. Ech fäerte ganz mir erhëngeren dëse Wanter“. De Wichtel huet iwwerluecht an dunn geäntwert: „Géi Heem, kaf Som a fro däi Noper fir säi Plou. Stellt alles an d’Feld. De Rescht maachen ech an d’Rei“.
De Jong ass Heem gaangen, huet Som kaf, huet vum Noper de Plou geléint kritt an huet alles op d’Feld gestallt, esou wéi de Wichtel sot. De nächste Moien ass de Jong op d’Feld kucke gaangen: et war ganz geplout an ugeséit ginn. An esou huet de Jong all Dag de Plou an d’Som op een anert vun hire Felder geluecht bis se alleguer fäerdeg geplout an ugeséit waren.
An dee Wanter haten si méi ewéi genuch z’iessen.

Statioun 3: D’Wiichtelcher vu Folkendeng an Iermsdref

Viru ville Joren ass e Meedchen aus dem Ärenzdall Gieedel vu engem Wichtelkand ginn. Wéi dat méiglech war, dat weess keen. Dem Meedchen seng Eltere woussten och näischt dovunner. Enges Dag huet d’Meedchen sech op de Wee bei seng Giedelche gemaach. D’Wichtelfamill huet an engem klenge léiwen Haus gewunnt. Hat ass ganz frëndlech empfaange ginn an zesumme mat der Famill huet hat sech prächteg amuséiert. Op emol duecht d‘Meedchen, et géif bal Nuecht ginn an et wier un der Zäit fir Heem. Net, dass seng Elteren sech nach wéinst him géife Suerge maachen. Hat sot der Wichtelfamill Äddi a Merci an huet sech Heem gemaach. Mee wéi hat Doheem ukoum, ass him alles verännert virkomm. Näischt war ewéi virdrun. Hat ass duerch d’Haus gelaf an du gesäit et eng Fra mat groen Hoer an der Stuff an der Fautel setzen. Si hat ganz een trauregt Gesiicht mat ganz ville Falen. D’Meedchen huet sech gefrot wien di al Fra wier. „Wat méchs du hei?“ huet d’Meedchen d’Fra gefrot. „ Wou ass meng Mam?“. „Oh mäi Kand, ech kann et bal net gleewen! Bass du et wierklech?“ sot di al Fra. „Ech hunn schonns esou laang op dëse Moment gewaart“. „Ech verstinn net wat’s du do sees“ huet d’Meedche geäntwert. Der Fra hir Aen hunn sech mat Tréine gefëllt. „Mir hunn dech esou vermësst. Du waars elo 13 Joer laang fort“.

Statioun 4: D‘Wiichtelcher vun Trënteng

Et gëtt gezielt, dass tëschent Ierseng a Méideng Wiichtelcher gewunnt sollen hunn. Am Wanter wieren d’Wiichtelcher nuets dann op Méideng bei d’Leit dresche gaangen. Wéi se mat hirer Aarbecht fäerdeg waren, hunn si sech e Grapp voll Käre mat Heem geholl.
Enges Daags ass e Bauer op engem Stéck mam Plou gefuer; dat Stéck war an der Géigend vun do wou ëmmer gesot gouf, dass d’Wiichtelcher hir ënnerierdesch Haiser hätten. Et schéngt Bakdaag gewiescht ze sinn, well de Bauer huet op emol een ënner dem Buedem héiere ruffen: „Ech wëll och Kuch!“. Kuerz drop huet hien vill Stëmmen héieren: „Ech och! Ech och!. De Bauer konnt net widderstoen a sot: „Ech och!“.
Wéi hien no senger Mëttespaus zréck op d’Feld komm ass, louch jo do net e Kuch um Plou.

Statioun 5: D’Wiichtelcher am Katzefiels

Och an der Géigend vun Mamer a Kielen solle Wiichtelcher gewunnt hunn. E Joer war et an dëser Géigend besonnesch dréchen. Et hat net genuch gereent, esou datt di meescht Quelle verdréchent waren. Dat war natierlech fir all d‘Baueren e grousse Problem: ouni Waasser kënnen d’Planzen net wuessen. An ouni Planzen, keng Kären, an ouni Käre kee Miel, an ouni Miel kee Brout. D’Leit haten Honger. An dat bësse Brout wat opzedreiwen war, war deier.
Dee Wanter huet enges Daags e Mann seng läscht Suen zesumme gekroopt an huet sech a Richtung Kiele gemaach fir Brout ze kafe fir seng Kanner. Owes ass hien duerch di decke Schnéidecken erëm traureg Heem getrëppelt. A ganz Kielen hat hie kee Brout konnte kafen. Hien hat einfach net genuch Suen. Kuerz nodeems hien iwwert d’Kuelbaach gaange war, héiert hien décke Kaméidi an haart Geklapps. Géigeniwwer vum Katzenfels, beim Goldbierg huet hien e ganz groussen Uewe gesinn. Ronderëm den Uewen hunn sech lauter Schieter beweegt. Et waren d’Wiichtelcher déi ganz nobäi gewunnt hunn. Lues ass de Mann méi no gaangen. Do gesäit hien e risege Koup Gold um Buedem an d’Wiichtelcher déi am gaange ware Mënz ze maachen. „Wat eng Chance“ duecht de Mann an hien huet de Wiichtelcher vu sengem Leed geklot. D’Wiichtelcher hate Matleed mam Mann an hunn him erlaabt fir esou vill Mënz ze huele wéi hien der bräicht. De Mann huet sech d’Täsche mat deem néidege Gold gefëllt a wéi hie fäerdeg war, huet hien sech ëmgedréint fir de Wiichtelcher Merci ze soen. Mee d’Wiichtelcher an hiren Uewe ware verschwonnen!

Statioun 6: D’Wiichtelknäppchen bei Nenneg

Zu Nenneg, op der aaner Säit vun der Musel bei Bech-Maacher, huet eng Kop „Wichtelknäppchen“ geheescht. Op engem Kirmessamschden huet eng Fra, där hir Männer op dëser Kop geschafft hunn, hinnen hirt Owesiessen bruecht. Si hat de Kirmeskuch eréischt eng Stonn virdrun aus dem Uewen geholl, an de wonnerbaren Doft vum nach-waarme Kuch huet ee vu Wäitem scho geroch. Wéi si op der Kop ukomm ass, huet si kleng Wichtele gesinn, déi hire Kap duerch de Buedem erausgestreckt a geruff hunn: „Fra! Bak eis och e Kuch! Bak eis och e Kuch!“. D’Fra as stoe bliwwen, huet d’Wiichtelcher gekuckt a geäentwert: „ Fir d’éischt bakt dir mir e Kuch! Wéini feier dir da Kirmes?“. Dat huet d’Wiichteler immens rose gemaach, wëll si de Leit aus der Géigend ëmmer gudd gehollef hunn. Vun deem Dag un, huet ni méi een d’Wiichtelcher zu Nenneg gesinn. An d’Fra war och verschwonnen. An elo, wann et Nuets mol stärekloer ass, da gesäit een heiansdo d’Fra mat hirem Kuerf op der Kop laanscht goen and Wiichtelcher déi am Moundliicht danzen a fresch „Bak mir e Kuch! Bak mir e Kuch!“ ruffen.

Statioun 7: Wiichtelen vu Viichten

Zu Viichten soll de Wiichtelcher hire Kinnek gewunnt hunn an engem grousse Palast. Shaddai war säin Numm. Laang huet de Kinnek Shaddai säi Vollek vu klenge Leit regéiert. Bis enges Dag eppes geschitt ass, an de Kinnek Shaddai vu senge Wiichtelcher ëmbruecht ginn ass.
Wat soll do geschitt sinn? Huet et villäicht eppes domadder ze dinn, dass hien ze vill gutt mat de Mënschen? Vu Viichten a Richtung Useldéng war eng Buerg, d’Scheierbuerg wou e schreckleche Ritter soll gewunnt hunn. A vun do hunn ënnerierdesch Gäng op Useldeng an d’Schlass gefouert. War e Schatz am Spill? Zu Useldeng soll e begruewe sinn an d’Wiichtelcher si bekannt dofir, dass si Gold a Geld an hiren ënnerirdesche Gäng stockéiert hunn.
Mir wëssen et net. Dass awer gezielt ginn, dass d’Wiichtelcher déi ënnert dem Scheierbësch gewunnt hunn, esou räich waren, dass se hir Mais mat Gold gefiddert hunn. An et huet een alt di eng oder aner Maus un engem Goldstéck knabbere gesinn.
Mee d’Wiichtelecher vu Viichten, dat waren di räichst. Déi hunn sech gäre bei de Wichtelcher vum Scheierbesch gebretzt a soten: „Dir plout villäicht mat engem sëlwere Plou. Mee mir hunn dofir e Plou aus Gold!“.
Net nëmmen d’Mënsche schéngen sech ze bretzen.

Statioun 8: Wiichtelcher vu Miersch

An der Géigend vu Miersch sollen och ganz vill Wiichtelcher gelieft hunn, bei Angelsbierg, Schëndels a Recken. De gudde Leit hunn se gehollef an de béise Leit hunn se eng ausgewëscht. Déi di d’Wiichtelcher scho mol erbléckst sollen hunn, soen se hätten ëmmer e grousse Stréihutt op, an se hätten ëmmer e Spuet oder een Heel dobäi. Soss wieren se wéi d’Mënsche gekleet. Hir Wunnenge sinn déif ënnert dem Buedem an de Bierger, a matenee mat Gäng verbonnen. Zu Récken hunn se e Pëtz fonnt dee vu Wiichtele gebraucht ginn ass. Dee war esou déif, dass esou guer no dräi Deeg d’Leit aus dem Duerf de Pëtz nach net voll mat Steng zougetippt kruten. Haut ass et e klenge Weier vun 2 Meter Duerchmiesser am Gestrëpps. Fréier soll do ee ganzt Duerf gestaanen hunn.

Statioun 9: D’Wiichtelcher vu Nidderfeelen

Zu Nidderfeelen hunn Wiichtelcher déif ënnert dem Buedem gewunnt. Si waren net méi grouss wéi e Kand vun 8 Joer. Am Dag huet een si ni gesinn, just Nuets waren se ënnerwee. A se konnte séier lafen! Esou séier ewéi e Päerd. Dann hunn se de Leit gehollef déi fein waren: si hunn de Fra gesponnen, an de Männer beim ploue gehollef. Ni huet een si hir Aarbecht gesi maachen. Mee wanns du hues hinnen eppes zu Leeds gedoen! Dann hunn sech dech beklaut an d’Saachen an hir Hiel matgeholl. Enges Dag huet e Mann ee Wiichtel gesi gehat deen am gaange war e Brout ze klauen. Wéi de Mann de Wiichtel dovunner wollt ofhalen, do fänkt de Wiichtel un de Mann de krazen dass hie gefaart huet e géif em d’Aen aus dem Kap eraus krazen. Vun dësem Dag un hunn d’Leit vu Nidderfeelen d’Wiichtelcher richteg gefaart, a se hunn hinnen alles gi wat se wollten.

Statioun 10: Den Heinzelmännchen vu Bartreng

Viru laanger Zäit huet en Heinzelmännchen zu Bartreng an engem Stall als Kniecht geschafft. Hien huet sech ëmmer ganz héich an d’Gespär gesat, huet gutt opgepasst, huet net gemeckert, huet seng Aarbecht ëmmer pünktlech wéi gefrot gemaach. Wann de Bauer moies fréi an de Stall komm ass, da war den Heinzelmännchen am gaangen ee Päerd ze kämmen. Wann en de Bauer erbléckst huet, ass de Männche séier erëm uewen an d’Gespär setze gaangen.
De Bauer war immens frou, dass de Männchen him ëmmer esou gutt gehollef huet. An all Owes, huet de Bauer all Dieren am Haus opgemaach a Schossele mat Iessen op de Buedem gestallt (awer ouni Läffel). Wéi e fäerdeg mat Iesse war, ass de klenge Männchen erëm an d’Gespär verschwonnen.
E Wanter war et besonnesch kal. D’Leit am Duerf hate Matleed mam Männchen. Si hunn him dofir kleng Kleeder gebutt an him se niewent säin Iesse geluecht. Wéi de Männche mëttes iesse komm ass, gesäit hien d’Kleeder a bleift verdaddert stoen. D’Leit hu gemengt si géifen him eng Freed maachen, wëll et jo esou kal war! Mee de Männchen huet gemengt d’Kleeder wier säi Loun an hie géif elo net méi gebraucht ginn. Mat décken Tréinen an den Aen ass de Männche verschwonnen an ass ni méi erëm gesi ginn.

Statioun 11: De Wiichtel vu Bollendorf an d’Kou mat de gëllenen Hären

Virun laanger Zäit huet e Jong zu Bollenduerf di aner Säit vun der Sauer missten d’Kéi hidden. Hien hat awer guer keng Loscht an huet seng Aarbecht net ganz gutt gemaach. Hien huet d’Kéi ze spéit aus dem Stall eraus gelooss, an se Owes ze fréi erëm zréck bruecht. D’Kéi hunn dowéinst schéi misste leiden.
Enges Daags ass eng Kou aus dem Bësch komm. Et war eng mat blénkegem wäisse Fell a se hat zwee gëllen Hären. Si huet sech bei dem Jonk seng Kéi op d’Wiss gestallt an huet gefriess. Wéi de Borscht owes d’Kéi wollt zréck an de Stall dréiwen, huet keng vu senge Kéi wollten d’Wiss virun der wäisser Kou mat de gëllenen Häre verloossen. Mee egal wat de Jong gemaach huet, di wäiss Kou mat de gëllenen Häre wat einfach net ze verdreiwen. Hien huet gewaart a gewaart, an et huet bis zum Sonnenënnergang gedauert bis dat Béischt endlech gaangen ass. Genau dat selwecht ass Dag fir Dag geschitt. Op emol sot de Jong sech „ech muss eraus fanne wat mat der Kou do lass ass“. Deen Owend, wéi d’Kou endlech zréck an de Bësch gaangen ass, ass de Jong der Kou nogaangen. Si sinn duerch Gestrëpps gelaf an tëschent Fielsen. Op emol huet hien d’Kou an eng Hiel era goe gesinn. Hien huet net laang gezéckt, an ass och an d’Hiel era gaangen. Do stoung kuerz drop e klengen ellenen Zwerg virun him. „Wat wëlls du hei?“ huet den Zwerg geknaddert. „Ass dat deng Kou?“ sot de Jong „Wëll ech hidden déi elo schonns laang genuch! Du kéints mech roueg dofir bezuelen“. Den Zwerg ass rose ginn: „Du Frechdachs do! Meng Kou huet guer net misste gehitt ginn. Déi ass just bei dech op d’Wiss komm wëlls du di aarm Béischten net anstänneg versuergs. Mee, wëlls du dat gären esou häss, kriss du däi Loun!“ an den Zwerg huet an d’Täsch gegraff a Gold a Selwer Mënzen dem Jong dohinner gehäit. Zefriidden huet de Jong sech op de Heem gemaach.
Wéi de Jong Doheem ukoum, huet hie gemierkt, dass d’Mënzen guer näischt wäert waren.

Statioun 12: D’Wichtelcher vun Sterpenech

Virun honnerte Joren huet an der Géigend vu Sterpenech bei Arel e ganz fuerchtbare Ritter gewunnt. Et war e béisse Mann. Enges Dag huet hien ee vun senge Männer den Optrag gi fir e Bréif de ganze Wee op Metz ze bréngen an zréck ze kommen nach éier d’Sonn géif ënnergoen. Dat war onméiglech, wëll Metz eng 12 Stonnen zou Fouss wäit fort louch. An et war kloer wat dem Mann géif bléie wann hien den Optrag net an 12 Stonne kéint erleedegen.
Den aarme Mann ass esou séier gelaf ewéi hie konnt. Ausserhalb vum Duerf stoung dunn op der Strooss op eemol een Zwerg mat engem Kutsch, gezu vun 3 wäisse Päerd. Den Zwerg huet dem Mann ugebueden hie mat der Kutsch op Metz an zréck ze bréngen. De Mann war immens dankbar an ass séier op d’Kutsch geklommen. An esou ass et gaangen, dass hie viru Sonnenënnergang zréck bei sengem Här zu Sterpenech war.
De Buerghär wollt natierlech wësse wéi et méiglech wier fir an dëser kuerzer Zäit vu Sterpenech op Metz ze kommen, an de Mann huet sengem Ritter alles erzielt. Wéi en zum Schluss vu senger Geschicht ukomm ass sot de Mann awer nach: „ Ah jo, an ech soll dir nach vum Zwerg soen, dass hien dech haut och nach mat senger Kutsch siche kënnt, fir dech an däi läscht Doheem ze bréngen“. Wéi den Här des Wierder héieren huet, ass hie bleech ewéi Kräid ginn an huet gehault: „ Ech wäert stierwen!“.
Deen Owend huet een eng Kutsch mat 4 schwaarze Päerd gesinn d’Buerg mat der Läich vum Ritter verloossen.

All dëss Geschichten baséieren op Material aus dem Nicolas Gredt sengem „Sagenschatz des Luxemburger Landes“, Institut Grand-Ducal, Luxembourg 2005

Dernière modification le 17.09.2021
Aller au contenu principal