Bierguide / Guide du citoyen / Burgerleitfaden/
Citizen’s guide / Guia do cidadão



D’Kommissioun vum interkulturellen Zesummeliewen Useldeng am Interview mam Anne Franziskus
Kënnt Dir Iech kuerz virstellen an eis erzielen, säit wéini Dir an der Gemeng Useldeng wunnt?
Ech sinn d‘Anne Franziskus a wunne säit gutt 10 Joer zu Useldeng an der Areler Strooss. Mäi Mann an ech hunn do en aalt Haus renovéiert.
Wat schätzt Dir perséinlech am meeschten un eiser Gemeng?
Am meeschte schätzen ech un der Gemeng Useldeng, datt et vill aktiv Veräiner ginn an datt et trotz eisem Duerfcharakter eng Rei strukturell wichteg „Amenities“ hunn, wéi eng Epicerie, Restauranten a geschwënn eng Maison médicale. An eis Vëlospisten!
Wéi sidd Dir mam Biergerpakt a Kontakt komm, a wat huet Iech motivéiert, Iech dofir anzesetzen?
Ech hunn am Februar 2025 ugefaang an der Divisioun vum Zesummeliewen am Familljeministère ze schaffen. Dee Moment hunn ech selwer de Biergerpakt kenne geléiert. Ech hunn awer viru 15 Joer eng Dokteraarbecht iwwer Méisproochegkeet an Interkulturalitéit op de lëtzebuergeschen Aarbechtsplaze geschriwwen. Zesummeliewen an Interkulturalitéit sinn also Themen, déi ech säit laangem als ganz wichteg empfannen. Elo hunn ech d‘Chance, aktiv dierfen e Programm an dësem Beräich ze koordinéieren.
Fir déi, déi de Biergerpakt nach net kennen: Wat ass de Biergerpakt eigentlech?
De Biergerpakt ass e Programm vum lëtzebuergesche Familljeministère, deen d‘Interkulturalitéit fërdere soll. Et gëtt e säit 2024, mee en huet an de leschte Méint eréischt eng méi intensiv Dynamik kritt.
All Mënsch, deen zu Lëtzebuerg wunnt oder schafft an iwwer 18 Joer huet, ka beim Biergerpakt matmaachen. En ass och fir Lëtzebuerger a fir Leit, déi scho laang zu Lëtzebuerg wunnen! Et gi vill verschidden Aktivitéite gebueden, déi drop ausgeluecht sinn, datt een nei Leit begéint an oder eppes (Neies) iwwer Lëtzebuerg léiert.
De Biergerpakt ass de Pendant zum Gemengepakt, deen de Kanton Réiden ënnerschriwwen huet.
Wat kann de Biergerpakt de Leit aus eiser Gemeng konkret bréngen a wéi kënne Bierger/inne sech bedeelegen?
Ech sinn der Meenung dass et immens wäertvoll ass, duerch de Biergerpakt Leit kennen ze léieren, déi ausserhalb senger eegener „Bubble“ sinn. Domat kann een säin eegenen Horizont erweideren an déi enorm Villfalt vu Lëtzebuerg entdecken.
D‘Umeldung am Biergerpakt mécht een iwwer myguichet.lu. All d’Aktivitéite si gratis! Mir verschécke reegelméisseg eng Newsletter mat den neisten Aktivitéiten.
Wat fir Aktivitéiten oder Projete ginn am Kader vum Biergerpakt organiséiert?
Aktuell ginn ugebueden:
Exklusiv Visites guidées vu verschiddene kulturellen, sozialen a politeschen Institutioune vum Land, Formatiounen am Beräich vun der Interkulturalitéit, Kreativ Atelieren, Kachatelieren a Sproochecaféen, Online an „offline“ Informatiounssessiounen iwwer verschidde Servicer an administrativ Demarchen, Kinosowender, e Podcast, a villes méi!
Am Moment huet de Biergerpakt nach keng reegelméisseg regional Aktivitéiten, mee mir schaffen drun.
Wat war bis elo Äre perséinlechen Highlight?
Ech war viru kuerzem mat an de Staatsrot a krut en Abléck an dës wäertvoll politesch Institutioun.Op engem Parcours de la diversité religieuse sinn ech an d‘Synagog gaangen. Mir hunn och Kachateliere mat Anne‘s Kitchen an onperfekt ugebueden. Déi waren immens beléift!
Wat mécht Iech am meeschte Freed un Ärem Engagement am Kader vum Biergerpakt?
Verschidden Aspekter.
Ech dierf e Podcast selwer maachen, dat ass am Moment mäi Lieblingsprojet. Mee mir si selwer eng ganz interkulturell Ekipp, a mir zelebréieren och d‘Zesummeliewen an eisem Team. An ech léieren nei Mënsche kennen – dat mécht mir vill Spaass.
Wann Dir e Wonsch fir d’Zukunft vun eiser Gemeng hätt: Wat géift Dir Iech am Kader vum interkulturellen Zesummeliewe wënschen?
Ech wënsche mir, dass et normal wier, bei sengen Nopere spontan ze schellen a si ze froen, ob se eppes brauchen. An datt mir nei Awunner direkt mat abannen an dat lokaalt Liewen, zum Beispill duerch e Parrainage-Programm.
Mir soe villmools Merci fir den Austausch an déi vill interessant Informatiounen.

