Grottefeier
Och dëst Joer ass erëm déi traditionell, Grottefeier bei der Lourdesgrott zu Rippweiler, Léiffrakrautdag, Méindes de 15. august 2022
20h15: Feierlech Mass bei der Grott mat Seene vume Krautwësch, gefeiert vum Père Jean-Jacques Flammang.
Den Affer ass fir den Ënnerhalt vun der Grotte!
Duerno Liechterprëssioun zeréck an d’Kierch a Sakramentale Segen.
D’Käerze mat de Lampioe ginn bei der Grott ausgedeelt.
No dem kierchlechen Deel, mécht de CDJ Rippweiler eppes beim Festsall géint jiddfer-engem säin Honger a säin Duuscht.
![QR Code](https://useldeng.lu/wp-content/uploads/mec/qr_52815732404f0e309ff82a03db4ddd18.png)